Archive for the ‘Flitterwochen 2008’ Category

Delphinen a Walen

Tuesday, September 2nd, 2008

E bësse skeptesch ware mir schoun, ob mir dann och Wale bei eiser Sortie géife gesinn. Mat engem Catamaran zu Saint-Gilles ass et fortgaangen.

Et huet dann nit laang gedauert bis fir d’éischt 2 Delphine mat engem Wal opgetaucht sinn an dunn nach e Wal derbäi koum.

          

Spéider ware mir nach an d’Baie de Saint-Paul wëll do eng kleng Kolonie vun Delphine lieft.

Nomëttes si mir mam Kanu an d’Lagune gefuer a lues iwwert d’Korallen gepaddelt. Hei ginn et ganz vill verschidde Fësch a virun allem Scallaren. Dono huet d’Astrid alt erëm am Ping-Pong verluer.

De Minou gëtt dann nach owes während dem Weblog schreiwen an de Schlof gekrault.

Minoudag

Monday, September 1st, 2008

Dësen Dag hu mir virun allem bei der Schwemm a bei der Plage verbruecht an deemno mat dem séisse klengen onschëllege Minou gespillt. Wat den Dag méi laang gouf, wat hie méi ustrengend gouf. Mëttes bei der Pizza war et also nach ganz agréabel.

Am Nomëtteg hu mir de Strand genoss an rëm Dëschtennis gespillt.

          

Hei gesitt Dir nach eis Villa, wou mir d’Zëmmernummer 88 hunn.

          

Owes war de Minou dann e bëssen ustrengend …

Schlofdag

Sunday, August 31st, 2008

De Moien hu mir bis 9:00 Auer geschlof. Fir den Yves war et och en halwe Computerdag nieft engem Spazéiergang iwwer d’Plage. Do war haut um Sonndeg alles voll mat de Reunionesen.

Mëttes hu mir eng Pizza gedeelt. Hei gesitt Dir dann nach eist Strand- a Schwemmlokal. De Minou huet natierlech och nit gefeelt.

Mëttes gouf d’Alerte 1 (Eruption imminente) fir de Piton de la Fournaise, eist Haaptausfluchsziel vun dëser Woch, ausgeruff. Dann hu mir jo vläicht d’Chance fir live bei enger Eruptioun derbäi ze sinn.

Ausfluch am Norden an Nordosten

Saturday, August 30th, 2008

Deen eenzege Liichttuerm vun der Insel, deen nach steet, war leider zou.

An all Guide hunn se d’Eve Annibal gelueft fir hire Canard à la Vanille. Als Apéro konnt een all hier Punchen a Rhums arrangés probéieren. Eis Hitparade:

  1. Punch Tamarin
  2. Punch Letchi
  3. Punch Coco
De Canard war genial an de Kader war ganz speziell; bei der creolescher Mama zu Mëtteg giess, géif een dozou soen.

Fir nomëttes hu mir eng Visite guidée an der Sucrerie de Bois-Rouge matgemaach. Et war relativ haart a stëbseg, wann och interessant. Et ass halt eng Fabrik, eng vun deenen 2 op der Insel.

          

Hei maachen se Zocker a mat der Melasse nach Rhum.

          

An der Distillerie huet et dann nëmmen no Héichprozentegem geroch. Och d’Fässer, wou en dra lagert konnte mir kucke goen. Eng Degustatioun huet dat Ganzt ofgeschloss an e klenge Souvenir hu mir dunn och matgeholl (Vive d’Amateuren!).

Ausfluch am Westen

Friday, August 29th, 2008

Mir si zënter 1 Woch bestuet!

No enger kuerzer Faart duerch de Verkéier deen een all moies op der Insel fënnt, an enger enker Strooss erop, si mir vun dëser Vue richteg iwwerrascht gewiescht.

Op der éischter Foto gesitt dir ee vun deenen dräi Cirquen, déi et op der Réunioun gëtt.

Di 2. Foto ass dann d’Vue eraf op d’Mier.

Ganz bekannt sinn hei d’Distillerien fir de Geranium, deen awer näischt mat deem ze dinn huet, dee mir kennen. D’Huiles essentielles, déi hei an dësem modernen Apparat gewonne ginn, si fir de Parfumsmaart.

Absoluten Highlight vun dësem Dag waren dunn awer di dräi Bassin’en, déi eigentlech jo fir de Public zou sinn. Et war deemno och e bëssen abenteuerlech fir dohinner ze kommen. D’Fotoe weisen awer, dat et sech gelount huet fir duerch d’Wildnis, iwwert an ënnert Steng a Gitteren duerchzekraxelen 😉 an duerch 2 Tunnellen, déi d’Drénkwaasser sammelen.

                    

Dëst war e laangen, awer flotten Dag.

Planing

Thursday, August 28th, 2008

Hei gesitt Dir d’Receptioun vum Hotel. An der Mëtt steet ëmmer e flott Blummenarrangement. Hei kann een dann an aller Rou un sengem Weblog schreiwen oder awer deen nächsten Dag plangen.

Soss geet dat awer och bei der Schwemm, ënnert de Palmen, bei engem klenge Cocktail.

Dann ass de Minou natierlech mat vun der Partie, virun allem esou laang, wéi et nach eppes Klenges ze knabbere gëtt …

Owes hu mir dann eise creolesche Buffet genoss.

                    

Dono hu mir äis dunn en Auto organiséiert, an zwar e Renault.

Plage

Wednesday, August 27th, 2008

Hmm, moies gëtt et ëmmer Panech a frëscht Uebst. A soss nach allerlee. De Jus kann ee selwer pressen. Dat ass dem Yves säi Pleséier. Dobaussen ob der Terrass ass et dann och schonns ganz agréabel…

          

E klengen Abléck an den Hotel, fir d’éischt d’Vue vun eiser Terrass an duerno d’Vue op eise Bungalow.

          

Dësen Dag hu mir dann awer virun allem Ping Pong gespillt an de spéiden Nomëtteg bis zum Sonnenënnergang op der Plage verbruecht.

          

Owes gouf et dunn en italienesche Buffet mat Lasagne fir de Garfield 😉 an Tagliatelle mat frëscher Tënt (vum Tëntefësch) a Scampie fir d’Astrid.

Roudag

Tuesday, August 26th, 2008

Ganz fréi hu mir an aller Rou an (bal) ganz eleng Kaffi gedronk, dank eiser gudder Matratz déi eis net méi wollt schlofe loossen. An der Receptioun hu si ouni Problem akzeptéiert d’Matratz géint eng méi haart ze wiesselen. Knapps souze mir beim Dësch koum de Schmusetiger schouns ugekroch fir gefiddert ze ginn.

          

Dono hu mir e bësse gefaulenzt, e mir am freie Mëtteg e bësse ronderëm trëppelen an akafe waren. Waasser kann och bëlleg sinn (am Géigesaz zum Hotel, wou si “normal” Präisser hunn), och wann et aus Europa kennt. D’Äerdbiere kommen awer direkt vun der Insel.

                    

Owes hu mir dunn nach dobaussen am Sand Dëschtennis gespillt bis et um 18:00 Auer däischter gouf. Am Restaurant krute mir de Buffet “Country Style” mat Gittar a Gesank. Schliisslech hu mir de Site bei engem Gutt-Nuecht-Cocktail online gesat.

Den 1. Dag am Hotel

Monday, August 25th, 2008

No e bësse Schlof hu mir äis eng Pina Colada an e Villas du Lagon Cocktail gegonnt. Dobäi gouf et e leckeren Clubsandwich.

          

Gläich drop hu mir dunn de Minou – le chat le plus pauvre et affamé de toutes les villas – wéi de Garçon sot, kenne geléiert. Hien ass ëmmer erhingert a ganz stëppeleg. Deen décke Bauch verréit awer eppes aneschters.

          

Owes hu mir am Restaurant Gastronomique “L’Orangine” de Menu du Marché giess:

  • terrine de légumes accompagnée de saumon fumé
  • mi-cuit de thon
  • assortiment de sorbets de l’île

Dat ganzt gouf mat engem roude Wäin aus Südafrika ofgeronnt.

De Flug dohinner

Monday, August 25th, 2008

Fir de laange Vol vun ëmmerhi bal 11 Stonnen hate mir äis richteg virbereet: Mir ware gutt midd!

Leider war d’Rechnung awer nit esou ganz opgaangen… Mat wéineg Schlof koume mir moies um 6 op der Réunioun un.