No e bësse Schlof hu mir äis eng Pina Colada an e Villas du Lagon Cocktail gegonnt. Dobäi gouf et e leckeren Clubsandwich.
Gläich drop hu mir dunn de Minou – le chat le plus pauvre et affamé de toutes les villas – wéi de Garçon sot, kenne geléiert. Hien ass ëmmer erhingert a ganz stëppeleg. Deen décke Bauch verréit awer eppes aneschters.
Owes hu mir am Restaurant Gastronomique “L’Orangine” de Menu du Marché giess:
- terrine de légumes accompagnée de saumon fumé
- mi-cuit de thon
- assortiment de sorbets de l’île
Dat ganzt gouf mat engem roude Wäin aus Südafrika ofgeronnt.





Salut dir zwee,
Dat mat der Kaz wonnert mech guer nit, dir kennt se jo adoptéiren!
Nach e puer Deeg an dann wäert dir Bekanntschaft mat den erhingerten Katzen vun der ganzer Insel machen. Et huet sech schon erem geschwaat dat d’Astrid ukomm ass an geschwenn am Supermarché eng grouss Tuut Katzenfutter wäert kaafen..
Dat geseit alles net schlecht aus, keint een neideg gin wann een hai wieder kuckt.
Yves du geseis net gudd aus, bas du mit oder ass et den wein???