Hmm, moies gëtt et ëmmer Panech a frëscht Uebst. A soss nach allerlee. De Jus kann ee selwer pressen. Dat ass dem Yves säi Pleséier. Dobaussen ob der Terrass ass et dann och schonns ganz agréabel…
E klengen Abléck an den Hotel, fir d’éischt d’Vue vun eiser Terrass an duerno d’Vue op eise Bungalow.
Dësen Dag hu mir dann awer virun allem Ping Pong gespillt an de spéiden Nomëtteg bis zum Sonnenënnergang op der Plage verbruecht.
Owes gouf et dunn en italienesche Buffet mat Lasagne fir de Garfield 😉 an Tagliatelle mat frëscher Tënt (vum Tëntefësch) a Scampie fir d’Astrid.







An wat wäert dir iessen wann dir erem kommt? Den Schnucki kuckt ganz genau wat dem Sylvester den ganzen Dag mecht.
Ausser plage kann een do och Segelen ??? Ech kennen een gudden kach, wann net zevill wellengang ass.
Oh jo, ech menger do kann een et aushalen 🙂
Wënschen iech ob alle Fall ee super Openthalt.
Genéisst et! Dir hutt iech et verdéngt.
Salut der Gléckskanner,
Ech gesin et geet iech wonnerbar. War dir scho schnorchelen an der Lagon? Gréisst mir all Zanclus enner Waaser.
Wéi ass et mat den Dormeur’en ?
Genéisst ët !!!!!!