De Moien hu mir bis 9:00 Auer geschlof. Fir den Yves war et och en halwe Computerdag nieft engem Spazéiergang iwwer d’Plage. Do war haut um Sonndeg alles voll mat de Reunionesen.
Mëttes hu mir eng Pizza gedeelt. Hei gesitt Dir dann nach eist Strand- a Schwemmlokal. De Minou huet natierlech och nit gefeelt.
Mëttes gouf d’Alerte 1 (Eruption imminente) fir de Piton de la Fournaise, eist Haaptausfluchsziel vun dëser Woch, ausgeruff. Dann hu mir jo vläicht d’Chance fir live bei enger Eruptioun derbäi ze sinn.

