Ausfluch am Norden an Nordosten

Deen eenzege Liichttuerm vun der Insel, deen nach steet, war leider zou.

An all Guide hunn se d’Eve Annibal gelueft fir hire Canard à la Vanille. Als Apéro konnt een all hier Punchen a Rhums arrangés probéieren. Eis Hitparade:

  1. Punch Tamarin
  2. Punch Letchi
  3. Punch Coco
De Canard war genial an de Kader war ganz speziell; bei der creolescher Mama zu Mëtteg giess, géif een dozou soen.

Fir nomëttes hu mir eng Visite guidée an der Sucrerie de Bois-Rouge matgemaach. Et war relativ haart a stëbseg, wann och interessant. Et ass halt eng Fabrik, eng vun deenen 2 op der Insel.

          

Hei maachen se Zocker a mat der Melasse nach Rhum.

          

An der Distillerie huet et dann nëmmen no Héichprozentegem geroch. Och d’Fässer, wou en dra lagert konnte mir kucke goen. Eng Degustatioun huet dat Ganzt ofgeschloss an e klenge Souvenir hu mir dunn och matgeholl (Vive d’Amateuren!).

2 Responses to “Ausfluch am Norden an Nordosten”

  1. Colette a Gilbert says:

    Nom kuurzen Deplacement op d’Côte d’Azur fir dem Tina séng Hochzäit hu mer e bëssen Zäit fir an äre “Flittermémoiren” ze stöberen. Genéisst d’Vakanz donidden. Glécklech dat Land, dat et fäerdeg bréngt aus engem Offallprodukt wéi d’Melasse e gefroten artikel wéi de Rhum ze produzéiren. D’Belsch (vun Tirlemont) hun an der Zäit d’Melasse un d’ARBED verkaf fir d’Kokillen unzesträichen fir dass de Stolblock nët dran hänke bliwen ass. Une histoire belge, mais vraie!

  2. Gilbert says:

    Salut dir 2
    Ech mellen mech un fir d’Degustatioun

Leave a Reply