Dësen Dag hu mir virun allem bei der Schwemm a bei der Plage verbruecht an deemno mat dem séisse klengen onschëllege Minou gespillt. Wat den Dag méi laang gouf, wat hie méi ustrengend gouf. Mëttes bei der Pizza war et also nach ganz agréabel.
Am Nomëtteg hu mir de Strand genoss an rëm Dëschtennis gespillt.
Hei gesitt Dir nach eis Villa, wou mir d’Zëmmernummer 88 hunn.
Owes war de Minou dann e bëssen ustrengend …





Salut dir zwee,
Dir genéisst also déi Flitterwochen. Richteg esou!
Nach weider vill Spaass.
Christian